Onbedingt liesen, bevir dir e RV huelt.
Fir de Moment as ett onméiglech ze wessen, wén ustierschend as, a wén nett. Also, gin mir dovun aus wéi wann all Mensch ustierschend wir an verhalen eis och démentspriechend.
Ett as och dowéinst, dass de Staat jiddferen opfuedert, en Masque ze droen, am Fall, wou en den Ofstand net kann anhalen.
Also, fir är an eis Secherheet, mussen mir Procéduren anhalen, déi Ierch net geleefeg sin.
Fir e Rv ze kréien: soll én wann méiglech iwert DOCTENA fueren ( den Link fannt Dir hei ennen un der Säit)
Mir kennen am Moment kén Telefon ophiewen. Merci, dass dir nett Facebook, Messanger oder E-Mail benotzt, well ären Message kéint verluer goen. Dir kennt de Moment nett an d’Praxis kommen, fir e RV ze huelen. Leider sin mir nett méi esou disponibel wéi virdrun, mé awer emmer fir Ierch do.
Kommt w e g aleng an d’Praxis, an dat 5 min. virun ärem RV. Just 1 Persoun dirf an d’Praxiszemmer, ausser an engem richtegen Ausnahmefall. Ett wir léiw, wann dir vun ierch dohem kéimt an nett direkt vun der Arbescht, mat propperem Gezeih, fir eben kén unzestierchen. Dir sollt eng Masque droen, an se och unhalen, bis dir an d’Praxiszemmer geruff gidd. Wann Dir kommt, must Dir är Hänn mat Seef wäschen oder désinfizéieren.
Tescht all Patient, mussen mir d’Praxiszemmer komplett mat engem extraen Spray désinfizéieren. Dat hellt Zäit ewäsch, an dréit natirlech bäi, dass mir nett esou vill Patienten kennen huelen am Dag.
Mir mussen no all Patient eis Masquen, eis Tenue, a Matérial ersetzen, nodems mir mat der Turbine, Moteur, an Ultrason geschafft hun, an natiirlech och de Recht komplett désinfizéieren, esou wéi mir dat och virdrun gemach hun. Leider gellen des schwiereg Mesuren esou lang, esou wéi och de Virus eis am Greff huet.
Mir hun ken Bancomat, also kennt dir per Virement oder Cash bezuelen, wou dir dann genée de Montant an eng zouen Enveloppe mat ärem Numm drop leet. Och dat geet nemmen op RV. Wann dir schellt ouni RV, kennen mir Ierch d’Diir nett opmachen an dat wéinst den néidegen Conditiounen